URB Kids

Mat mëttlerweil bal 100 Kanner a Jugendleche souwéi opmanst enger Ekipp pro Kategorie vun de Bambinis bis bei d’Cadets huet sech de Jugendberäich vun der Union Réimech-Bous iwwert déi lescht Joren ëmmer méi entwéckelt. An dëse Wee wëlle mir konsequent weidergoen, an och an der neier Saison eis Jugendaarbecht weider verbesseren an ausbauen.

Eis Zieler sinn:

  • D’Kanner motivéieren fir Sport ze machen. Fussball ass dofir den ideale Sport, hei ginn all d’Aspekter vun der Beweegung ofgedeckt an et verbréngt ee vill Zäit dobaussen an der frëscher Loft
  • De Kanner de Fussball am Allgemenge méi no bréngen, sou wei och d’Wäerter wéi Fair Play oder Teamwork vermëttelen
  • Flott Erënnerunge fir d’Kanner ze bidden. Egal op den 1. Goal oder déi 1. Coupe op engem Tournoi, am Fussball erlieft ee vill flott Momenter, déi d’Kanner an hirer Entwécklung stäerke wäerten

Mir hoffen doduerch, an den nächste Joren esou vill wéi méiglech Jonker an eisem Seniorsbereich (Hären -an Dammenequipe) ze integréieren.

Op eisen Anlagen zu Réimech a Bous probéieren eis motivéiert an diploméiert Traineren all Training esou ze gestalten, dass all Kand (egal op Jong oder Meedchen) souwuel eppes dobäiléiert, an awer och vill Spaass huet a gären erëmkennt. Frei vun Erfollegsdrock huet jiddereen d’Chance fir kennen an enger idealer Ambiance Fussball ze spillen. An Zesummenaarbecht mat eiser Jugendkommissioun ginn iwwert déi ganz Saison och nach vill aner Aktiounen (Kleeschen, Tournoi Roby Olten, …) duerchgefouert, soudass mir niewent dem Sport och nach vill aner flott Momenter bidde kennen.

Avec un effectif d’environ 100 jeunes et au moins d’une équipe par catégorie des bambinis jusqu’aux cadets, la promotion de la jeunesse chez l’Union Remich-Bous s’est développée beaucoup les dernières années. Ainsi, nous voulons poursuivre ce chemin et améliorer encore plus notre encadrement des jeunes.

Nos buts sont:

  • Motiver les jeunes pour faire du sport. Le foot est un sport idéal qui couvre tous les aspects du mouvement et qui se pratique en plein air 

  • Apprende aux jeunes de jouer au foot et communiquer des valeurs telles que le Fair Play et la cohésion d’équipe

  • Avoir des beaux souvenirs. Peu importe si c’est le 1er but ou la 1ère coupe, le foot offre des beaux moments à nos jeunes et renforce leur développement personnel


Nous espérons de pouvoir intégrer dans le futur un maximum de jeunes dans nos équipes seniors (hommes et dames).

Sur nos terrains à Remich et à Bous, nos entraineurs motivés et diplômés essaient de créer chaque séance de façon que chaque enfant (peu importe si garçon ou fille) puisse apprendre de nouvelles choses, mais qu’il y aura aussi plein de plaisir et qu’ils aiment revenir aux entraînements. Libéré de toute pression, chaque enfant et adolescent possède la possibilité de jouer du foot dans une bonne ambiance et avec un bon encadrement. En coopération avec notre Commission des jeunes, d’autres actions (père Noël, Tournoi Roby Olten, …) sont organisées toute au long de l’année, ce qui crée encore plus de belles expériences pour les enfants.

Méi Informatiounen / Plus d'informations

%d Bloggern gefällt das: